Band members‎ > ‎

Pate

Patrick Muller
aka Paté
En... Nën...-Guitar

So muss een daat op Englesch schreiwen? Letzebuereg ass zuar och net meng Staerkt am schreiwen mee sou kann ech mech besser exprimeieren:)

Majo da fuere mer lass, ech sin de Patrick allias Paté fir dei di mech ennert dem Numm kennen a si Rythmus-Guitarist bei Ill?. Si lo am September 2 joer bei deser Formatioun dobai an ech muss soen Ill? rockt:) Jo an eigendlech ass daat et schon waat mech mat Ill? verbennt ausser nach eis anner 5 leif Borschten mat denen et einfach e Genoss as Musek ze maachen. Jiddereen dreit sai Pefferkaerche bei an do entstinn munchmol dei komeschste Saachen cf. Attempt to Cry, daat ass eist neit Lidd, fir dei di et nach net sollten heieren hun!

Jo a lo nach ee klenge Kommentar waat dei En... Nën...-Guitar betrefft. Daat ganzt as eng keier an engem normale Mettesch zu Stroossbuerg entstannen! Ech haat puer franseisch Matbierger a meng Bud agelueden a mir hun e besse Guitar gespillt. Den ee Fransous nenne mer en Michel haat grad meng Guitar am grap an huet clean gespillt (also ouni Verzerrer net ouni Drogen höhöhö). Et war e Genoss him nozelauschteren do haet eise Julien och treinen an d\'aen kruut:) An dunn si mer op emol op verzerrte Guitaren ze schwaetze komm well ech dem Jong gesoot hun ech geif eischter de styl vu Musek lauschteren, an direkt dono huet koum hien mam wuert En... Nën... . A waat der daiwel huet hien lo domat gemengt. Do hun ech e mol gefroot waat en dann domat geng mengen. An En... Nën... well einfch soen metal oder brutal Guitar spillen:) Jo a vue que dass ech nawell och gaeren esou e Styl spillen munchmol och an Ill? Lidder ze heieren hun ech mech als En... Nën-Guitarist bezeeschent:)

Sou lo wess der et falls der bis un de Schluss komm sid mam liesen waat dee misterieisen En... Nën... heescht:)

Bis dann... 
Mfg, aere Patrick